© Unsplash
An der Haaptstad vun Indien solle 500 Eisebunn-Ween zu mobille Clinique-Haiser fir Covid-19 Patienten ëmfunktionéiert ginn.
D'Regierung vun Nei Delhi reagéiert mat dem Ëmbau vun Zich a Cliniquen op déi aktuell Infektiounszuelen, déi ëmmer weider klammen, an op d'Cliniquen, déi total iwwerfëllt sinn. Dem Gesondheetsministère no, sollen an de 500 Waggone méi wéi 8000 Better preparéiert ginn. Ausserdeem wëll d'Regierung méi Sauerstofffläschen a Beootmungsgeräter prett maachen an d'Zuel vun de Corona-Tester verdräifachen.
Elleng an de leschte Woche goufen et an Indien ronn 100.000 Neiinfektiounen, vill dovun an der Haaptstad. Commerce sinn zanter e puer Deeg awer nees op. Offiziellen Zuelen no sollen et an Indien ronn 320.000 Corona-Infizéierter ginn, et geet een awer dovun aus, dass d'Donkelziffer e gutt Stéck méi héich ass.