© Twitter Screenshot
E leckert Schnäppchen!
Bei enger Auktioun a Japan ass eng Densuke-Waassermeloun fir ëmgerechent 1800 Euro versteet ginn, an dat war nach e Schnäppchen! Kee Witz, déi 220.000 Yen si manner wéi en Drëttel vum Rekordpräis, deen esou eng Premium-Meloun nach am Joer virdrun erreecht hat.
Dass de Präis esou erofgaangen ass, war engem Expert no ze erwaarden: Schold doru fir d'Corona-Kris. Ëmmerhi gouf nach méi dofir ausgi wéi fir déi 2 berüümte Yubari-Meloune virun hir, fir dës goufen "just" 1000 Euro ausginn.
Déi alljärlech Auktioune sinn de feierlechen Ufank vun der Ausliwwerung vun de luxuriéise Friichten. Fir den Ubau gëtt e gewaltegen Opwand vun de Landwirte bedriwwen, dee sech am Endeffekt awer lount. Bei iwwer 100 Euro pro Fruucht, kee Wonner...