De verurteelte Mann huet hanner Gitter seng Passioun fir d'Mathematik entdeckt a just mat Bläistëft a Blat eng Léisung ausgeschafft.

De 40 Joer ale US-Amerikaner Christopher Havens sëtzt zanter 9 Joer am Prisong, wéinst Mord. Vill Zäit fir nei Hobbyen ze entdecken, a sengem Fall d'Mathematik. An de Mann huet Talent, respektiv de Know-How, zanterdeem e verurteelt gouf huet en nämlech schonn e bedeitende mathematesche Problem geléist, dee Wëssenschaftler schonn zanter Jore beschäftegt huet.

Dëst Joer verëffentlecht hien zesumme mam italienesche Mathematik-Professor Umberto Cerruti seng Etüden am Fachjournal "Research in Number Theory". Dobäi geet et em sougenannte Kettebréch, mat deene reell Zuele wéi zum Beispill d'Kreeszuel Pi duergestallt ka ginn. Schonn den anticke griichesche Mathematiker Euklid hat sech doriwwer de Kapp zerbrach.

Dass ausgerechent de Christopher Havens enges Dages hëllefe géif do Kloerheet eranzebréngen hätt een net kënne virausgesinn. Nodeems en d'Schoul ofgebrach hat, war de Mann an d'Drogesucht gefall an huet keen Job fonnt. Kuerz drop gouf hie wéinst Mord zu 25 Joer Prisong verurteelt an do huet hien dunn d'Léift zu der Mathematik kenne geléiert.

Mat engem handgeschriwwene Bréif huet de Prisonéier sech un e mathematesche Verlag gewannt an erkläert, dass Zuele seng nei Passioun wäre mee hie keen hätt mat deem hie sech doriwwer austausche kéint a sech deemno och net weiderbilde kéint. Eng Mataarbechteri vum Verlaf huet de Bréif weidergeleet u seng Partnerin, déi d'Duechter vum Mathematiker Cerruti ass. Dësen huet sech du mam Prisonéier a Verbindung gesat, wuelverstane just senger Duechter zuléift. Ma nodeems em de Mann eng Testaufgab geschéckt huet an en déi korrekt geléist zréck krut (ganz ouni Computer) hunn déi Zwee sech zesumme gedoen a Formelen ausformuléiert an hir Erkenntnisser verëffentleche gelooss.

Mat senger Passioun stécht den Havens och aner Prisonéier un a fungéiert elo als Mathesproff. Mëttlerweil huet sech dann e ganze Grupp Mathe-Begeeschterter fonnt, déi zesumme rechnen a sech iwwer Zuelen austauschen. 16 Joer huet en nach ofzesëtzen, duerno wéilt de Mann dann och ganz offiziell Mathe studéieren, bis dohi géif e weider üben a leieren.