An Däitschland huet en Automobilist nom Tanke säi Portemonnaie um Daach vum Auto leie gelooss ...

En Autofuerer an Däitschland huet op enger Autobunn an Niedersachen an Suen a Kaarten ongewollt verdeelt. Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, hätt de 56-järege Mann nom Tanke säi Portmonnie um Daach vum Auto leie gelooss. Hien ass weidergefuer, an op der Autobunn gouf de Contenu vum Portmonnie op der Strooss verdeelt.

Kuerz drop huet de Mann de Verloscht vum Portmonnie gemellt a bei der Police gemellt. D'Beamte sinn doropshin de Wee zréckgefuer an hu laanscht d'Strooss bal 200 Euro agesammelt. Och déi perséinlech Dokumenter vum Automobilist goufen zum groussen Deel erëmfonnt.