© Keep It Real Online/youtube
Pornoen hunn näischt mat wierkleche Relatiounen ze dinn – ënner anerem dat ass de Message vun enger Campagne an Neiséiland.
D'Campagne mam Numm „Keep it Real Online“ weist z.B. dorop hin, dass Pornoen net dat richtegt si fir Kanner a Jugendlecher opzeklären.
Am Video gesäit ee, wéi zwee Porno-Acteuren un der Dier vun enger Famill schellen – dat plakeg. Wéi d'Mamm d'Dier opmécht erkläre si hier, dass hire Jong heiansdo emol Speckfilmer kuckt, mat hinnen zwee eben als Haaptprotagonisten. Ma dat hätt natierlech näischt mam richtege Liewen a scho guer näischt mat richtege Relatiounen ze dinn. Esou séier wéi an deene Filmer géife si am Normalen net zur Saach kommen. Der Mamm geet dorops hin e Späicherliicht op a se kënnegt hirem sichtlech geschockte Bouf un, dass et Zäit ass fir e Gespréich.
De Video ass en Deel vun enger ganzer Campagne an där et ëm d'Geforen am Internet geet, dorënner och Grooming, Mobbing a Contenu, deen net fir Kanner geduecht ass.