Endlech nees Concerten, just de Publikum ass e bësse gréng ëm d'Nues...

Den éischte Concert am Operenhaus vu Barcelona nom Enn vum Corona-Noutstand a Spuenien gouf et virun engem ongewéinleche rouege Publikum. Do wou normalerweis Mënsche sëtzen an applaudéieren, sinn et elo 2.292 Planzen an Dëppen, déi gespaant nolauschteren (oder och net). Déi gréng Visiteure ginn dem Gran Teatre del Liceu eng ganz aner Atmosphär an et kéint ee mengen et wär een am Dschungel, an net bei engem Concert vun enger Puccini Variatioun.

Mat dëser ongewéinlecher Deko wollt de Konzept-Kënschtler Eugenio Ampudia Reklamm dofir maachen, dass Mënschen an Natur besser mussen zesummeschaffen. D'Planze sollen no hirem Besuch an der Oper un d'Mataarbechter/inne vum Gesondheetswiese verdeelt gi fir dëse Merci ze soen fir déi Aarbecht, déi si an der Kris an och soss leeschten.