Bei sengem richtegen Numm kënnt keng Reaktioun mee beim Numm vun der virtueller Assistenz fillt et sech direkt ugesprach...

De sougenannten Echo Dot Alexa kennt mëttlerweil wuel jiddereen a benotzt gëtt en och vu ville Leit. Ma vum Charlotte Moultrie a sengem Mann anscheinend esou vill, dass hiert Kand d'Impressioun krut hatt géif Alexa heeschen. Schwätzt een d'Emily mat sengem richtegen Numm u kënnt keng Reaktioun, eréischt bei Alexa géif d'Kand opmierksam ginn.

Witzeg ass d'Situatioun jo iergendwéi mee virun allem ass et erschreckend, dass d'Famill den Numm vun der Amazon-Technologie méi dacks an de Mond huele wéi dee vum eegene Kand. Villäicht muss een doriwwer nodenken den Numm vum Kand ze änneren, oder sech einfach méi mam Emily ze beschäftegen a manner mam Alexa.

D'Emily huet sech wéi d'Mamm zougëtt awer och schonn indirekt gerächt an huet net "Mamma" zu sengem éischte Wuert gemaach mee "Lama", säi Liblingspetzi.