D'NASA sicht no enger Toilette déi eng Rei streng Critèren erfëllt.

Déi amerikanesch Weltraumagence "NASA" huet ugekënnegt, bis spéitstens 2024 erëm Astronauten op de Mound ze schécken. Ënnert anerem soll déi nächste Mound-Missioun, déi éischt sinn un där eng Fra wäert deelhuelen. Am Kader vun dësem Plang huet d'Agence dann elo en éischter ongewéinleche Concours ausgeschriwwen. D'NASA sicht nämlech nom beschten Design fir eng Toilette, déi si an d'Raumschëff, dat um Mound lande soll integréiere wëll.

Wat den éischten Abléck einfach kléngt ass et awer kengesfalls. D'Toilette muss nämlech enger Partie strenge Critèrë gerecht ginn. Fir d'alleréischt, muss se esouwuel vu Männer ewéi och vu Frae benotzt kënne ginn. Donieft soll se esouwuel am Weltraum, ewéi och um Mound selwer funktionéieren. Waasser spuere soll se och an se muss op alle Fall verhënneren, dass Gerécher oder Exkrementer sech am Raumschëff verbreeden. Weiderhi muss eng Ekipp vun 2 Astronauten d'Toilette wärend 14 Deeg benotze kënnen. D'Toilette muss de gesammelten Offall also wärend dëser ganzer Zäit stockéieren, oder dofir suerge kënnen, dass dëse sécher an de Weltraum ausgescheet gëtt. Si muss einfach kënne gebotzt ginn a soll manner ewéi 70 Watt u Stroum verbrauchen. Außerdem dierf se maximal 15 Kilogramm weien a net méi ewéi 0,12 Kubikmeter Plaz anhuelen. Bonuspunkte wäerten et iwwerdeems fir Entwërf ginn, déi et den Astronauten erlaben sech ze iwwerginn ouni, dass si dofir de Kapp an d'Toilette stieche mussen.

Wien elo eng Iddi krut, kann säin Design bis spéitstens de 17. August aschécken. Esou laang dauert de Concours nach. Fir déi éischt Plaz kritt een 20.000 $, fir déi zweet Plaz 10.000$ a fir déi drëtt Plaz ginn et 5.000$.