Dëse Video weist, dass Schnellegkeet am Alldag wichteg ka sinn. Sou e Bier mécht och op en NFL-Profi Androck.

Schnellegkeet ass ëmmer wichteg fir e Sportler. Dat gëllt och an der amerikanescher Footballliga NFL. Des ka souguer heiansdo am Alldag wichteg gi wei den NFL-Star Ha'Sean Clinton-Dix vun den Dallas Cowboys bei engem gemittlechen Tour mat senger E-Trottinette rausfonnt huet. De Spiller huet matten an der Staat e Bier mat sengem Klenge begéint. Et huet net laang gedauert bis de Clinton-Dix a Panik verfal ass.

En huet seng Trottinette leie gelooss an sech aus dem Stepps gemaach. Och de Bier huet bei sengem Tour an der Staat wuel net mat sou engem Tëschefall gerechent. De Clinton-Dix huet op Instagram e Video vun der Aktioun, déi vun enger Iwwerwaachungskamera gefilmt ginn ass, verëffentlecht.