Wie wärend enger Pandemie heemkommen wëll, muss kreativ ginn.

Nëmmen Deeg nodeems Argentinien all international Passagéierflich wéinst Corona gestrach huet, huet de Juan Manuel Ballestero sech op eng eenzegaarteg Manéier op den Heemwee gemaach. Mat engem klenge Seegelboot ass hie 85 Deeg iwwert den Atlantik getuckert ier e schlussendlech a senger Heemecht ukomm ass.

De 47-järegen Argentinier hätt am Prinzip kéinten op der klenger portugisescher Insel Porto Santo, déi gréisstendeels vu Corona verschount ginn ass, bleiwen an d ‘Zäit vun de Lockdowns and dem Social Distancing op der idyllescher Insel verbréngen. Hie wollt awer op kee Fall ouni seng Famill duerch des Zäit an huet dowéinst eng laangwiereg an abenteuerlech Rees op sech geholl. Mat Thon aus der Bécks, Friichten a Räis am Gepäck begëtt hie sech Mëtt Mee op Séi. No 85 Deeg ass hien dunn de 17 Juni zu Mar del Plata ukomm, wou seng Frënn a Famill schonn ongedëlleg op hie gewaart hunn.