Mat dësem satiresche Countrysong huet de brittesche Comedian e provokante Comeback gefeiert.

De brittesche Comedian Sacha Baron Cohen (Borat) ass fir seng satiresch Optrëtter bekannt. Elo huet en da mat engem musikalesche Message provozéiert. De Samschdeg hat den 48-Järege sech verkleet an huet sech op en Event vun der paramilitärescher a virun allem rietser US-Vereenegung Washington State Three Percenters geschlach. Do ass en dunn op d'Bün gaangen an huet 8 Minutte laang e Countrysong mat provokantem Text virgedroen. "Obama what we're gonna do? Inject him with the Wuhan flu" oder och "USA is the best, we don't need no COVID test" si just e puer vun de provokanten (a fir den Cohen satiresch gemengten) Zeilen, déi op an och virun der Bühn geträllert goufen.

Dat Ganzt huet sech am Kader vun der "March For Our Rights 3" ofgespillt, eng Äntwert op "March for our Lives". Engem Artikel no, ass de Cohen mat Bodyguards do gewiescht. Den Organisateuren an och den Demonstranten op der Plaz ass awer net opgefall ëm wien et sech géif handelen, eréischt am Nachhinein wären dës schockéiert a virun allem richteg rose gewiescht.