Amplaz vu Blumme wollt d'Koppel Hënn op hirer Hochzäit - gutt ukomm ass dee Wonsch awer net!

Op Facebook huet eng Fra verroden, dass si an hiren zukünftege Mann Hënn esou gären hunn, dass si dës als Deko op hirer Hochzäit asetze wéilten. All Dësch sollt deemno säin eegene klenge Mupp kréie fir ze kuschelen, esou d'Braut.

Mat de Wierder "Wou der Däiwel kréien ech e ganze Koup Hënn hir", "Der Organisatioun no misste se u Längte gehale ginn, da brauch ech also Welpen" an "Huet iergendee scho mol kleng Muppen als Deko benotzt" waren net immens gutt ukomm a séier hat d'Fra et mat engem (wuelverdéngten) Shitstorm ze dinn.

"Ech hoffen, dass e Mupp op hire Hochzäitsrack pisst", war do nach eng vun den harmlose Bemierkungen. Déi meescht Kommentaren hu vun Déierequälerei geschwat an de Post gouf da mëttlerweil och nees geläscht.

Mat Hënn aus dem Déierenasyl bis un den Altor ze trëppelen, déi dann duerno kéinten adoptéiert ginn, dat wär et scho ginn - mee se als Dëschdeko anzesetzen? Einfach NEE.