D'Reporterin war matten dran an der Aktioun, respektiv genee drënner...

D'Journalistin Büsra Celik an hire Kameramann Hayrettin Kavi waren am Gaang d'Bëschbränn live an der Tierkei ze couvréieren, wéi de Läsch-Helikopter méi nokomm ass. Dësen hat 1000 Liter Waasser transportéiert an huet en iwwert dem Bësch lassgelooss - a soumat och iwwert dem Team vun der Press. Ufanks huet d'Reporterin probéiert weiderzemaachen, ier et sech dunn awer gerett huet.

D'Crew wollt esou no wéi méiglech si fir live ze beriichten, dass se esou no dru wäre war hinnen da warscheinlech net bewosst. Der Journalistin an dem Kameramann ass trotz den enorme Waassermassen awer näischt geschitt.