Eng Foto aus Glasgow geet ëm d'Welt...

De Sonndeg huet et zu Glasgow a Schottland gereent. Dat ass näischt Aussergewéinleches. Virun engem Supermarché souz en Hond op säi Besëtzer ze waarden an och dat ass näischt Aussergewéinleches an der Haaptstad. Den Ethan Dearman stoung och am Schloreen virun dësem Supermarché, net well en op ee waarde misst mee well hien als Sécherheetsbeoptraagte sengem Beruff nogaangen ass.

De Security-Mann war awer virbereet an hat e Prabbeli dobäi, de Gold Retriever hat net esou vill Chance a souz ongeschützt am Reen. Kuerzerhand huet de Mann net just säi Prabbeli mam Mupp gedeelt mee em dëse souguer komplett iwwerlooss. Eng Fra huet dës Zeen beobacht an eng Foto dovu gemaach. Dës huet se dunn op Twitter gedeelt a séier waren d'User begeeschtert vun dëser altruistescher Aktioun. Bis elo gouf den Tweet schonn iwwer 140.000 Mol geliked an 20.000 Mol gedeelt.