Eng ongewéinlech Entdeckung kéint bei deem een oder aneren een Hongergefill ausléisen.

An der Reddit Grupp “Forbidden Snacks” huet d’Amelia Rude nawell vill Läit zum schmunzele bruecht. Dat mat enger Foto vun engem Kristall, deen engem frittéierte Pouletsschnitzel zum verwiesselen änlech gesäit. D’Foto huet dann am Internet och séier den Ëmlaf gemaach.

D’Amelia Rude kënnt sech och bësse besser mat Kristallen aus. Si sammelt dës nämlech an ass stolz Besëtzeri vun iwwer 700 Exemplaren. Wéi et heescht wiere Kristaller, déi wéi Iessen ausgesi guer net sou seelen. D’Amelia Rude seet, dass hire “Pouletsschnitzel” awer eppes Besonnesches ass. Dëser Meenung waren och vill Useren op Reddit an Twitter, wéi si dëst Bild gesinn hunn.

De Wäert vum Kristall ass dogéint net wierklech héich. D’Amelia Rude schätzt dat en am momentanen Zoustand “nëmmen” 30 Dollar wäert ass.