Grousses haten dës zwee Männer zu Hannover an Däitschland vir, d’Middegkeet hat dunn awer gewonnen.

An der Nuecht op e Sonndeg haten si versicht, an d'Apdikt an der Niki-de-Saint-Phalle-Promenade anzebriechen an ze klauen. Ma dozou koum et guer net – Hiren Asaz haten se verschlooft, iert et iwwerhaapt lassgoe konnt. Deen een ass an der Apdikt selwer ageschlof, deen aneren hat et net emol bis dohi gepackt: Hie louch an der Rulltrap. Een Zeien hat d'Männer dobäi beobacht, wéi se d'Entréesdier vun der Apdikt agedréckt haten.

Wéi d’Police matdeelt, wieren si ouni Widderstand festgeholl ginn. Ee vun hinnen hat d'Kees, Suen an Otemschutzmasken agestach.
D'Alkoholpeegele louche bei 0,45, a bei 1,13 Promill.