Beim Hotdog-Wettiessen zu New York huet den Champion Joey Chestnut säin eegene Rekord gebrach. 

De 36-Järegen huet 75 Hotdogs bannent 10 Minutte giess, an huet domat een Hotdog méi gepackt wéi nach 2018. Déi 13. Kéier an enger Rei gewënnt hien domat de Concours. Iwwregens huet hie bannent 10 Minutten 22.000 Kalorië consomméiert.

Op der zweeter Plaz steet den Darron Breeden. Hien huet "nëmmen" 42 Hotdogs gepackt. Och bei de Frae gouf et iwwerdeems e neie Rekord. D'Miki Sudo huet 48 an een hallwen Hotdog giess, dat och bannent 10 Minutten. Déi 34-järeg Fra hat hiren eegene Rekord vun 2017 gebrach, an huet der 7 méi gepackt.

D'Evenement gëtt ëmmer live an der Tëlé iwwerdroen, ma och dëst Joer huet een net drop verzicht. Och un d'Hygiènesmesure gouf sech gehalen. Publikum gouf et keent, an d'Konkurrente stounge vu Plastiksscheiwen ofgetrennt.