Ob se géint eng Infektioun schützt ass net esou kloer, ma villäicht hëlleft d'Blende beim social distancing...

E Geschäftsmann aus Indien huet sech geduecht wa scho Mondschutz, da mat Stil an huet sech eng Mask aus Gold hierstelle gelooss. Dës weit 60 Gramm a gouf bannent 8 Deeg produzéiert. Fir derduerch ootmen ze kënnen huet déi dënn Mask butzegkleng Poren duerch déi Loft eran- an erauskomme kann. Dat hëlleft zwar beim ootmen, ma ob de Mondschutz dann nach géint eng Coronavirus-Infektioun schützt ass net gewosst, op alle Fall ass sech säi Besëtzer an deem Punkt net ganz sécher.

Deem wier et och méi wichteg schick ausgesinn an e freet sech doriwwer wa Leit hien no Selfie froen oder hie entgeeschtert ukucken. Esoulaang se hie just mat Selfien iwwerfalen an net anescht...