16 Joer laang gouf duerno gefrot an no 2 Deeg war deen ongewéinleche Goût ausverkaf...

Stellt iech vir dir gitt an de Supermarché an tëscht den Huewerflacken, dem Schocko-Müsli an den Zocker-Flakes sti Kellogg's mat Zwiwwelgeschmaach. Wann iwwerhaapt, da misst dat wuel den 1. Abrëll geschéien oder wie wéilt schonn esou e Moiesiessen am Regal? D'Südkoreaner anscheinend!

2004 huet d'Mark Kellogg's eng PR-Aktioun a Südkorea lancéiert bei där d'Leit tëscht 2 Geschmaachsrichtunge wiele konnten: Enger Schockelaszort mam Numm Cheki oder dem Zwiwwelaroma Chaka. De Gag, deen eigentlech wierklech just e Gag sollt sinn, ass no hanne lass gaange well d'Majoritéit net wéi erwaart fir déi séiss Variant ofgestëmmt hu mee fir d'Planz. Logesch Konsequenz: Kellogg's huet d'Ofstëmmung gestoppt an huet trotzdeem d'Schoko-Versioun op de Marché bruecht.

Di aner Optioun gouf awer net vergiess an ëmmer nees gouf d'Zwiwwel-Maskottchen als Zort Held duergestallt, säi Schockelasgéigner dogéint als Feind Nummer 1. Och Hashtags goufen ëmmer nees an d'Liewe geruff fir drun ze erënnere wat d'Leit sech als Moiesiesse wënschen. An et huet gehollef: 16 Joer méi spéit weist sech den Erfolleg (oder de Sënn vun der Demokratie) an den Zwiwwelgoût kënnt tatsächlech op de südkoreanesche Marché.

Ee Grond firwat et esou laang gedauert huet war natierlech och well d'Aroma fräi erfonnt war an de Cornflakes-Gigant net drop virbereet war tatsächlech esou eng Variant ze entwéckelen. Wéi no Test-Iesse gesicht gouf hate sech iwwregens 14.200 Leit fir de Produit gemellt.