D'Pandemie hënnert eis dorun duerch d'Welt ze reese ma fir all déi, déi Fernweh hu kann een elo esou maache wéi wann.

Lues a lues kann een zwar nees fléien a reesen, ma vill Leit wëllen oder kënnen nach net. A fir alleguerten déi gouf elo e Konzept entwéckelt fir trotz Pandemie d'Loscht op d'Reesen ze stëllen. De Fluchhafen zu Taipei bitt fake Flich un.

Hei kënnen d'Passagéier duerch all déi verschidde Schrëtt goen, déi ee soss passéiere muss fir an de Fliger ze klammen. Vum Security Check bis bei d'Gate, jo souguer bis an de Fliger kënnt een. No dem Boarding ass awer Schluss well ofhiewe mécht de Fliger net.

Channel News Asia no, hätte sech iwwer 7000 Leit fir de Programm ugemellt duerch deen dann och déi nei Corona-Mesure getest ginn. 60 Reesender (oder déi et gäre wieren) goufen erausgepickt a wäerten den Donneschdeg hire Fluch fir néirens hi boarden.