Firwat een dat liewegt Déier iwwerhaapt mat der Zong beréiere wëll sief mol dohi gestallt...

E Mann aus Berlin war op engem Jonggesellenabschid an Éisträich a gouf do vun enger Kräizotter an d'Zong gebass. Den 38-Järegen hat d'Baby-Schlaang mat engem Wuerm verwiesselt a se op Grond vun enger Muttprouf mat senger Zong ugepak. Fatale Feeler, dës huet sech nämlech direkt gewiert a bewisen, dass se kee Wuerm ass. Dat gëftegt Déier huet zougebass an doropshin ass dem Mann säin Hals ugeschwollen an hien huet missen an enger ronn 60 Kilometer entfernter Klinik versuergt ginn.