Wien onerkannt bleiwe wëll, sollt sech villäicht net fir e rosa, opblosbaart Déier decidéieren...

A Frankräich konnt en Déif wéinst engem Plastiksflamingo iwwerfouert ginn. De Mann hat an engem Buttek d'Kreditkaart vun enger Touristin fonnt an amplaz dës zréck ze ginn, huet e sech domat eppes gegënnt. D'Fra huet doropshin eng SMS kritt, déi si iwwert de Kaf informéiert huet an huet dëst bei der Police gemellt.

Nodeems si d'Plaz (e Camping) an den Objet vum Kaf (de Flamingo) ermëttelt haten, war den Déif net méi schwéier ze fannen. Ëmmerhin ass e rosa opblosbaart Déier net dat beschten Tarnmëttel. Hien huet déi geklaute Kreditkaart an d'Suen, déi e sech doduerch ënnert den Nol gerappt hat, nees zréckginn. D'Touristin hat dorop verzicht en dowéinst unzekloen.