E Mëssverständnes gëtt engem frëndleche Matbierger zum Verhängnes...

Et gi Leit, déi versti Spaass an et ginn déi aner: Zum Beispill zwee Polizisten zu Linz. De Peter H. aus Steyregg war nuets mat Kolleegen am Auto ënnerwee, wéi hien e Policeauto erbléckst huet. Doran huet e geduecht e befrënnte Beamten ze gesinn an huet em doropshin iwwerfrëndlech Moie gesot a gewonk. Et huet sech heibäi allerdéngs net ëm de befrënnte Polizist gehandelt mee em een aneren an deen huet den haarden "Hallo" guer net gutt opgeholl.

Dësen ass direkt aus dem Auto gesprongen an huet de Mann ugemault. Den "Hallo-Mann" huet dat amüsant fonnt well en net verstanen huet wat de Problem wier an huet ugefaange mat laachen. Ma dat war déi ganz falsch Reaktioun, de Beamten ass richteg rose ginn an huet souguer e Frënd deen dertëscht goe wollt wechgedréckt. Den Toun ass méi haart ginn an de Mann huet dem Beamte gesot e sollt sech berouegen, et wär lächerlech wat en do mécht.

Virun 3 Deeg koum dunn d'Rechnung fir d'Openeentreffen. 100 Euro muss den 32-Järege bezuele well hien erofloossend "Hallo" duerch déi oppe Fënster geruff hätt an d'Polizisten ausgelaacht hätt.