Déi eng di Masken un, anerer setzen op de komplette Schutz, och wann dat ongewéinlech ausgesäit...

Am australesche Belgrave ass e Mann an engem risegen oplosbare Plastiksball ronderëm gelaf. Ob e sech domat virun enger méiglecher Infektioun schütze wollt, kee Bock op Masken hat oder einfach Loscht hat esou ronderëm ze lafen, ass ongewosst. An de soziale Medie gouf e fir seng Aktioun, wat och ëmmer se bezwecke sollt, trotzdeem gefeiert.

De Mann ass iwwregens net an der Foussgängerzon viru sech higerullt mee matten op der Fuerbunn. Musekalesch war en och nach, en huet "ech sinn de Mann aus der Blos" viru sech higeträlltert, wärend Passanten déi skurril Aktioun gefilmt hunn.

Egal wéi huet e vill Leit deen Dag zum Laache bruecht an dat ass an Zäite vun der Pandemie, dach d'Haaptsaach.