"Moien, You're in Luxembourg"

An der Provinz Guangdong a China huet Huawei den Ox Horn Campus gebaut, e Modelduerf mat europäeschem Thema. Hei fënnt ee verschidde Länner a Stied an dozou zielt elo och e Stéck vu Lëtzebuerg. An engem kuerze Videoclip op YouTube gesäit ee wéi eng Fra duerch dës Zon trëppelt a vun de enke Stroossen a stenge Maueren zielt. Mat de Wierder "wéi eng Stad aus engem Märchen", feiert Huawei eis duerch deen nogebaute Lëtzebuerg-Deel, ier et mam Zuch op déi nächste Statioun geet.