Fans vun de Plastiksschong an der Fast-Food-Chaîne kënne sech freeën...

Et gi Leit, déi fanne Crocs bequem, et sollen der souguer ginn déi se schéi fannen. Da ginn et Leit, déi iesse fir hiert Liewe gäre frittéierte Poulet vun der Fast-Food-Chaîne Kentucky Fried Chicken. A fir alleguerten déi, déi elo bei béide Behaaptung fläisseg jo gewonk hunn, fir déi ginn et elo déi perfekte Schong!

Zerwéiert gëtt dësen aussergewéinlechen Design vum 28. Juli un. An d'Kentucky Fried Chicken x Crocs Classic Clogs, wéi de Modell heescht, sollt een dann awer am beschten net bäissen.