E Mann ass dem Fuuss nogaangen a konnt bal alleguerten d'Schong déi de Fuuss geklaut hat erëmfannen.

De Christian Meyer wunnt am Berliner Bezierk Zehlendorf. Viru gutt zwou Wochen ass ee vu senge Lafschong iwwer Nuecht vu senger Terrasse verschwonnen. Ewéi hien sech an der Noperschaft an op der Online-Plattform "nebenan.de" informéiert huet, koum eraus, dass hien net deen eenzege war, dem a leschter Zäit e Schong geklaut gouf. Ausserdeem krut hien den Tipp, dass de presuméierten Déif e Fuuss soll sinn. Nodeems hien e weideren Tipp krut, huet de Mann sech an der Waldtrautstraße op d'Lauer geluecht an op de Fuuss gewaart.

Eegenen Aussoen no, hätt de Christian Meyer de Fuuss dunn op frëscher Dot erwëscht ewéi dëse mat 2 bloe Schlappen an der Schnëss duerch déi besote Strooss gelaf wier. E puer Deeg drop ass de Mann dem Fuuss dunn an der Natur nogaangen. Eng Stonn laang soll hien dem Déier duerch d'Hecken hannendru gekroch sinn. Ma d'Ustrengung sollt sech op mannst deelweis lounen. An der Stopp vum Fuuss konnt de Mann iwwer 100 geklaute Schong erëmfannen. Just säin eegene Lafschong war net dobäi.