Déi finanziell Ënnerstëtzung war definitiv net dofir geduecht an dat kënnt em lo deier ze stoen.

Betriber krute wärend der Pandemie extra Hëllef zougesprach, och an den USA. Ma net jiddereen huet déi Suen dofir genotzt woufir se eigentlech sollte sinn: kleng Betriber virum finanzielle Ruin ze retten. En 29-Järegen aus Texas huet mat der staatlecher Hëllef net den eegene Betrib ënnerstëtzt mee seng eegen Dreem realiséiert.

Den Texaner hat 2 Kreditter ugefrot fir Aarbechter ze bezuelen, där hat e keng, dofir awer luxuriéis Wënsch, wéi: eng Rolex Auer, e Lamborghini an Immobilien. Ausserdeem huet en dausende vun Dollaren a Stripclubs ausginn. Insgesamt koum en op d'Zomm vun 1.6 Milliounen Dollar.

Eigentlech muss een d'Sue vum Corona-Hëllefsprogramm net zréckbezuele wann een domat Saache finanzéiert wéi Personalkäschten oder de Loyer vun der Entreprise. Ma déi heite Schold muss definitiv zréckbezuelt ginn, an dat net just a Form vu Schäiner - den Dënschdeg gouf den US-Amerikaner wéinst Bedruch festgeholl.