Fir de Mënschen a Mexiko kloer ze maachen, dass se sollen doheem bleiwe geeschtert de Sensemann duerch Puerto Morelos.

D'Corona-Warnapp kenne mer mëttlerweil, de Sensemann als Warnung, dat ass nei. Ma genee esou huet e jonke Mann a Mexiko sech verkleet a wëll domat Touristen, awer och lokal Leit, dorun erënneren, dass mer ëmmer nach an enger Pandemie stiechen. Mat sengem Kostüm wëll hien d'Konsequenze vum Virus uspillen an de Leit op eng net all ze subtil Aart a Weis kloer maachen, dass elo net de Moment ass sech um Strand ze sonnen.

Ma och wann en d'Leit domat net verschreckt kritt, eng Erënnerung un déi néideg Distanz an d'Droe vun de Masken deet jo, anescht wéi d'Infektiounen, kengem wéi.