E puer mol huet de Verdächtegen dës Raibergeschicht widderholl a gouf elo dowéinst festgeholl.

En US-Amerikaner aus Iowa gouf ugeklot wéinst direkt e puer Abréch, bei deenen all Kéiers just Desinfektiounsmëttel verschwonnen ass. D'Police Departement vu Sioux City huet den 39 Joer ale Mark Gray festgeholl nodeems bannent puer Stonnen 3 Uriff wéinst Abréch erakomm sinn.

Ee mol soll de Verdächtegen eng Fënster vu "Counseling & Support Services" futti geschloen hu fir eranzekommen, dunn ass dat selwecht bei der "Security National Bank" geschitt a just 30 Minutten duerno goufe Beamte wéinst dem selwechte Vergoen an de Restaurant "Trattoria Fresco" geruff. Wärend d'Abréch ënnersicht goufen, hunn d'Polizisten de Mann am Restaurant selwer opfonnt a festgeholl. Alles wat an de Betriber gefeelt huet war Desinfektiounsmëttel fir d'Hänn an dowéinst gëtt de Gray dann elo ugeklot.