Ze séier fir den Trottoir, ma bis op d'Autobunn hätt e villäicht net domat fuere sollen...

Hei am Land gesäit ee se éischter an der Stad fir Leit vun A op B ze transportéieren: d'E-Scooter an eigentlech dierfen dës och net méi wéi 25 Kilometer an der Stonn fueren. Eigentlech... Zu Bréissel war engem Mann dat awer relativ egal an hien hat einfach mol 70 km/h um Tacho vu senger elektrescher Trottinett. Dat dann och net an der Foussgängerzon oder esou mee direkt op der Autobunn. Am Däischteren ass en ouni Luucht an Helm iwwert d'Autobunn gebriedert. En Taxifuerer hat den ongewéinleche Raser erbléckst, mat senger Handyskamera gefilmt an online gesat.

Freet sech just wie vun deenen 2 elo éischter e Protokoll kritt, den Onbekannten op der Trottinett oder de Mann mam Handy um Steier...