Aus engem vermeintlech coole Bild ass e Milliouneschued ginn...

En éisträicheschen Tourist am norditalienesche Possagno wollt warscheinlech just eng cool Foto mat enger Skulptur aus dem 19 Joerhonnert maachen, ma en hat wuel ënnerschat wéi zerbriechlech déi Statue sinn. Eng Iwwerwaachungskamera weist wéi de Mann sech mam Ielebou ofstäipt an 3 Zéiwe vun der Skulptur ofbrécht. Duerno kuckt e ronderëm a verléisst séier de Raum. D'Police huet den ongewollten Zerstéierer awer elo identifizéiert, et schéngt de Mann vun där Fra ze sinn, déi d'Féierung vun der Touristegrupp organiséiert hat.

D'Konschtwierk vum berüümte Kënschtler Antonio Canvo weist iwwregens déi plakeg Fra Paolina Borghese, déi kleng Schwëster vum eemolege franséische Keeser Napoleon Bonaparte. D'Skulpture vum Canova ginn zu Roum ausgestallt a befanne sech am präisleche Beräich vun enger bis zwou Milliounen Euro.