Et war net déi éischt kontrovers Aktioun, ma et war anscheinend déi, déi d'Faass zum iwwerlafe bruecht huet...

Den Jerry Falwell Jr. vun der Liberty University ass ee vun de wuel bekanntsten an aflossräichsten evangelesche Chrëschten an den USA an huet net fir eng éischter Kéier Diskussiounen an der Community ausgeléist. Ma no enger Foto op där een de Mann mat oppener Box gesäit, hunn d'Leit säi Récktrëtt gefuerdert.

Op der Foto, déi hien op Instagram gesat a mëttlerweil geläscht huet, gesäit een de Falwell mat enger Fra an (zimmlech sécher) Alkohol am Grapp, hie bezeechent et als "schwaarzt Waasser". Déi Zwee haten d'Tirett vun der Box op an den T-shirt eropgezunn, esou dass een de Bauch an de Kalzong gesinn huet. Studente vun der Liberty University dierfen iwweregens net drénken an och un e strengen dress code muss sech zu all Moment gehale gi fir "anstänneg" auszegesinn.

Deemno koum d'Foto och net all ze gutt bei de Schüler un a séier goufen d'Stëmme vu Kritik haart. De Meghan McCain huet zum Beispill getwittert "Wéi ass dës Jerry Falwell Jr. Foto iwwerhaapt reell?", anerer hunn drop higewise wéi hypokritesch esou eng Foto wär wann een de Leader vun enger vun de gréisste reliéise Schoulen am Land wär.

"Ech hätt net geduecht, dass di doten Aktioun, vun all den Aktiounen, déi wär déi zum Récktrëtt géif feieren", esou e Student vun der Universitéit.