D'Koppel dierft sech zwar net ze no kommen, ma ze wäit fort vu senger Léifster wollt de Frënd net sinn.

Nodeems d'Camilla Baldasso sech mam Coronavirus infizéiert hat, huet dat 17 Joer alt Meedche missen doheem an Texas a Quarantän. Keng ganz einfach Zäit fir eng Koppel, déi net zesumme lieft, virun allem fir frësch Léift. Säi Frënd wollt net verlaangeren an huet einfach all Dag virum Haus vum Camilla gewaart a campéiert, fir senger Léift esou no (wann och distanzéiert) wéi méiglech ze sinn.

Esou souz de Collin Oulette all eenzelen Dag vun der Quarantän ënnert der Fënster vu senger Frëndin, dat d'Haus net verloossen dierf. Op Distanz hu se matenee geschwat, sech vun hirem Dag erzielt, Spiller gespillt oder zesumme giess. Dat alles natierlech ouni sech oder eppes vun deem aneren unzepaken. Deels souz de Collin souguer am Reen do oder huet sech vu Moustiquen zerpicke gelooss. Déi ongewéinlech Erfarung hätt déi jonk Koppel op emotionaler Basis just nach méi no bruecht, trotzdeem waren dat 17-Järegt an den 19-Järege frou wéi se sech no 2 Wochen endlech rëm an den Aarm huele konnten.