© Unsplash
Wien anere Leit beim Plënneren hëllefe wëll, sollt virun allem staark an zouverlässeg sinn. Ma hei gëtt och d'Feele vun de Kleeder bezuelt.
Plënneren ass ustrengend a virun allem vill Aarbecht. Wien et esou reiwungslos iwwer d'Bün goe loosse wëll wéi méiglech, engagéiert einfach professionell Hëllef. Bei dem Online-Portal "Shift", déi d'Plënnere vun allméigleche Saachen ubitt, gouf awer elo eng ongewéinlech Ufro gestallt. Eng Koppel aus Groussbritannien brauch eng Persoun, déi Mëtt September Zäit huet fir hinne beim Plënneren ze hëllefen, dofir géifen et och 2000£ ginn (ëmgerechent ëm déi 2.200 Euro). Eng Bedéngung gëtt et allerdéngs: de Miwwelpaker soll senger Aarbecht plakeg nogoen. Fir de kuerze Wee tëscht dem Haus an dem Gefier géif den Aarbechter och liicht Ënnerwäsch zur Verfügung gestallt kréien.
Oh Wonner, et huet sech keen op d'Annonce gemellt. Dowéinst huet d'Fra sech un d'Plattform selwer gewannt an , dass si an hire Mann Nudiste wären a sech einfach méi wuel géife fille wann déi Persoun, déi mat hire Miwwel a Kontakt kënnt an an hir d'Haus géif andréngen, och keng Kleeder unhätt. Si géifen normalerweis net erwaarden, dass aner Leit sech hiren Usiichten a Sitten uschléisse géife mee dat heite wär eben eng ganz perséinlech Situatioun. A genee well et der Koppel esou wichteg ass a si wëssen, dass et e grousse Gefale wär, wäre si och bereet esou eng Zomm fir d'Hëllef ze bezuelen.
erkläert
D'Portal konnt der Koppel deen ongewéinleche Wonsch net esou spontan erfëllen, huet awer versprach alles ze maache wat hinne méiglech wär fir eng passend Hëllef ze garantéieren. Deemno goufe Screenshots vun der Ënnerhalung gedeelt an en ëffentlechen Opruff gestart. Wien also interesséiert ass ka sech via Online-Formular bei den Nudiste mellen.