© www.pexels.com
Am Ecuador konnt e Fussballspiller seng Freed bei engem Match net zeréckhalen an huet de Fussball gekësst. Dat huet de Spiller 1.000 Euro kascht.
Zënter de Coronavirus d'Liewen ëmgestallt huet, ass et op ville Plazen zu Ännerunge komm. Och am Fussball ass et méi strikt ginn. Ma den argentinesche Fussballspiller Sergio López konnt seng Freed am Match um Freideg net zeréckhalen an huet aus Euphorie de Ball gekësst.
Doropshin huet d'Disziplinarkommissioun den 31-järege Spiller vum ecuadorianesche Club SD Aucas mat enger Amende vun ëmgerechent 1.000 Euro bestrooft. Och bei anere Fäll huet d'Kommissioun haart duerchgegraff. 5 Spiller haten hir Trikote getosch a goufen doduerch penaliséiert. Donieft gouf de Club Barcelona SC bestrooft well dëse keen Desinfektiounsmëttel zur Verfügung gestallt hat.
Am Ecuador hunn d'Autoritéite bis ewell 114.000 Corona-Fäll a bal 6.600 Doudesfäll enregistréiert.