© www.pexels.com
D'Police aus Bayern konnt den Täter duerch eng zimmlech intim Beschreiwung vun enger Fra ganz séier ermëttelen.
Ee 46-järegen Exhibitionist ass am bayreschen Haff duerch en Tattoo op sengem beschte Stéck vun der Police ermëttelt ginn. Wéi d'Police matgedeelt huet, hat de Mann um Méindeg den Owend d'Besëtzerin vun engem Buttek beleidegt a sech virun hir ausgedoen. Deemno hat de Verdächtegen sech virun hire Buttek geluecht fir ze schlofen.
Dat hat d'Besëtzerin awer net toleréiert, wouropshin de Mann am Sträit seng Bocks erofgezunn huet. Den Ubléck war der Fra domat net erspuert bliwwen an de Mann hat sech duerch d'Bascht gemaach. Duerch d'Beschreiwung hat d'Police zimmlech schnell e konkrete Verdacht géint de scho bekannte 46-Järegen.
Beamten hunn doropshin de Mann a senger Wunneng konfrontéiert an hu mat Hëllef vun der Beschreiwung den Täter fonnt. Déi detailléiert Beschreiwung hätt deemno mam Tattoo vum Mann iwwertenee gestëmmt. Géint de selwechte gëtt elo wéinst Beleidegung an Exhibitionismus ermëttelt.