© WIN MCNAMEE / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP
Den US-Demokrat a Presidentschaftskandidat start de Walkampf elo och an der virtueller Welt vun "Animal Crossing".
De Presidentschaftskandidat vun den US-Demokraten, den Joe Biden, weist sech modern an innovativ a senger Walcampagne. Seng Walkampfekipp huet um Dënschdeg annoncéiert, datt véier virtuell Panneauen am Videospill "Animal Crossing" ze fanne sinn. Dës Schëlder kënne User wou se wëllen am Spill opstellen a weise wie si supporten.
"Animal Crossing" ass fir vill Leit en Zäitverdreif wärend dem Confinement gewiescht. D'Spill gehéiert donieft zu de bekanntste Spiller vun 2020. Am Spill geet et drëm eng Insel weider z'entwécklen.
Fir d'Walkampfschëlder musse Spiller en QR-Code mat der Nintendo Smartphone-App fir d'Nintendo Switch liesen. D'Demokraten haten an der Coronakris d'Walkampfaktivitéite gréisstendeels an den Internet verluecht.