Droge vum Himmel?! Aktivisten hunn am Zentrum vun der israelescher Metropol Drogepäck aus enger Dron fale gelooss. De Grond: De Wonsch no Legaliséierung!

Cannabis ass an Israel fir medezinesch Zwecker erlaabt a kann ënner staatlecher Opsiicht verkaf ginn. De Fräizäitkonsum ass allerdéngs verbueden, wann och vill verbreet. Déi israelesch Police bericht praktesch deeglech iwwert d'Opfléie vu Cannabis-Plantagen. 2017 huet d'Regierung decidéiert de Konsum vun der Drog ze entkriminaliséieren, dat heescht Leit, déi fir eng éischte Kéier erwëscht gi gi strofrechtlech net verfollegt, mussen awer eng Strof bezuelen.

D'Organisatioun "Grüne Drohne" wëll awer méi, an zwar d'Legaliséierung vu Marihuana. Dowéinst gouf eng Aktioun gestart bei där mat Hëllef vun Dronen 1-Gramm-Päck vun der Drog zu Tel Aviv erofgelooss goufen. Dat virun allem an der zentraler Ibn-Gabirol Strooss, wou eng sëlleg Passanten d' "Kaddoen" opgehuewen a matgeholl hunn.

Och wann dat Ganzt iergendwéi komesch ausgesinn huet an eng innovativ Iddi war, legal war et trotzdeem net an esou goufen owes zwee Männer dowéinst festgeholl.