© Josep LAGO / AFP
Vu Februar un dominéiert de Sujet Coronavirus. Och op Google ass et dat Wuert, no deem dacks gesicht gëtt. Ma de Lionel Messi huet déi Ketten ënnerbrach.
D'Joer huet ugefaangen a kee vun eis huet geduecht, dass esou eppes wéi e Virus eis kéint dëst Joer an de Wee kommen. Eng Zäit laang huet een d'Haus just dierfte verloossen, wann een an de Supermarché, op d'Aarbecht, bei den Dokter oder an d'Apdikt huet misste goen. Generell ass gerode ginn, seng eege véier Wänn net ze verloosse wann et net wieklech muss sin.
Eng Zäit an där d'Leit ganz vill am Internet ënnerwee waren an och probéiert hunn Informatiounen ze sammelen. An eiser Zäit gräift een do eben op den Internet zeréck, fir genau ze sinn op Google.
D'Wuert Coronavirus ass a leschter Zäit dacks gegoogelt ginn. Ma ee Mann huet déi Ketten, wann och fir just eng kuerz Zäit, ënnerbrach an zwar den argentinesche Fussballspiller Lionel Messi. Wéi dësen ugekënnegt huet den FC Barcelona wëllen ze verloossen, hu vill Leit d'Netz duerchsicht.
An deene leschte 7 Deeg ass nämlech an Indonesien méi dacks nom Messi gegoogelt gi wéi nom Coronavirus.
Ma och an Nigeria ass an deene Leschten Deeg den Numm Messi méi dacks duerch d'Sichmaschinn gaange wéi de Virus. An Argentinien, d'Hierkunftsland vum Fussballspiller, ass da just de 4. September méi nom Lionel gesicht gi wéi nom Covid.