D'Cliente weigert sech de Mondschutz unzedoen, de Barista verweigert doropshi si ze zerwéieren. Dës Aktioun war wuel no hanne lass gaangen...

Eigentlech hätt een aus der Aktioun léiere kënnen: Nodeems d'US-Amerikanerin Amber Gilles sech online iwwert e Starbucks-Mataarbechter beschwéiert hat, dee si net zerwéiere wollt, huet si an de sozialen Netzwierker vill Kritik missen astiechen. Den Hannergrond vun der Geschicht ass deen, dass d'Fra sech geweigert hat eng Mask unzedoen. Dëst ass awer wéi bei eis an de Caféë Flicht wann een net bei engem Dësch sëtzt. Ma d'Fra wollt dat net agesinn a partout keng Mask undoen, weder fir eranzegoen, nach an der Schlaang, nach fir ze bestellen. De Mann hannert der Théik huet am Fong dat eenzegt Richtegt gemaach an der Fra erkläert, dass hie si esou net zerwéiere kéint. Amplaz de Mondschutz einfach kuerz unzedoen huet si den Hiweis ignoréiert a souguer nach een drop gesat: Mat enger Foto vum Barista, Lenin Gutierrez, deen an der Filial zu San Diego schafft, huet si sech online iwwert dësem säi Behuelen opgereegt. Mat de Wierder "Léiert de Lenen vu Starbucks kennen, dee sech geweigert huet mech ze zerwéiere well ech keng Mask undoen", huet d'Fra Bestätegung op de sozialen Netzwierker gesicht.

Allerdéngs sinn d'Reaktiounen net esou ausgefall wéi si sech dat wuel erhofft hat. Déi meescht User hunn dem Lenen net just Recht ginn, si wollten dem jonke Mann dat och finanziell weisen. Bannent kierzter Zäit gouf eng Spendenaktioun op d'Been gestallt bei där 100.000 Dollar fir de Barista, dee mam gudde Beispill virgaangen ass, zesummekoum.

Amplaz sech anzegestoen, dass si am Onrecht war, huet d'Amber Gilles awer elo nach een dropgesat. Si beusprocht elo d'Hallschent vun de Sue fir sech well si jo en Deel vun der Aktioun ass a si sech diskriminéiert fillt. Eegenen Aussoen no, géif si de Mondschutz aus gesondheetleche Grënn net undoe kënnen. Der Ausso "Ech fannen, et misst ee sech bei mir entschëllegen" stëmmen allerdéngs net immens vill Leit zou, ob d'Fra tatsächlech en Deel vun de Sue kritt kann ee just bezweifelen, si wär awer prett en Affekot anzeschalte wa se ee fënnt, dee si bezuele kann an dee Fall dann och tatsächlech unhuele wëll.