De Bauer wollt säin Déier transportéieren, dat hat awer wéineg Loscht kutschéiert ze ginn an huet d'Been selwer an de Grapp geholl.

An Tirol huet e Bauer säin Ochs an engem Unhänger iwwer d'Inntalaautobunn transportéiert, bis dee keng Loscht méi dorop hat. Kuerzerhand ass d'Déier wärend der Faart erausgesprongen a fortgelaf. De Chauffer huet et ufanks mol net gemierkt bis d'Autoen hannert him ugefaangen hu mat tuten.

Wéi d'Police agetraff ass huet de Bauer grad probéiert den Ochs nees anzefänken. Dësen ass wärend dem Virfall iwwregens net blesséiert ginn, och wann et abenteuerlech ausgesinn huet.