Déi heite Kaz kuckt net just granzeg dran, mee léist beim Ubléck och nach Angscht aus.

Lescht Joer am Mee war fir ganz vill Kazefrënn keen einfachen Dag. Déi bekannten a granzegst Kaz vun der Welt ass nämlech am Alter vu 7 Joer gestuerwen.

Natierlech sinn an der Tëschenzäit e puer Imitatiounen opgetaucht, déi awer ni un d'Grumpy Cat eru komm sinn. Bis elo op allefalls. Et ass nämlech en Account vun enger Kaz um Instagram opgetaucht, déi net just granzeg dra kuckt, mee engem mat deem Bléck och nach richteg Angscht mécht.

D'Grumpy Kitzia aus Florida, ass der Besëtzerin no awer eng friddlech Kaz. Se huet nämlech net just ee strengen oder granzege Bléck drop, mee huet am allgemengen en Talent fir Grimassen ze schneiden.