No enger Campagne vun zwee Museker gouf de Cours vun den Unien accordéiert.

5 Joer laang hunn d'Gebridder Austen a Scott Smart doru geschafft d'Initiativ FutureDJs ze starte fir d'Aart vum Opleeën als bildend Qualifikatioun bei Universitéiten unerkannt ze kréien.

Elo hu se et da gepackt an et kann ee ganz offiziell e Cours op der Uni beleeë fir DJ ze ginn. Op alle Fall ass et an de UK accordéiert ginn, ob déi verschidden Universitéiten dat dann elo och tatsächlech ubidden, dat bleift erauszefannen.

En Online-Cours kann een op alle Fall scho beleeën a sech déi unerkenne loossen. Da steet der DJ-Karriär jo näischt méi am Wee.