Déi mannste Passagéier glëschteren no dem Menü an der Loft, géif ee mengen...

Zu Bangkok sinn dës Woch méi wéi 100 Leit an d'Büroe vun Thai Airways gepilgert, net fir fortzefléien, dat ass an Zäite vu Corona do grad net méiglech, mee fir z iessen. D'Fluchgesellschaft huet sech net ëmorientéiert, si bitt just dat u wat ganz vill Passagéier esou staark vermëssen: D'In-Flight-Iessen.

Mat hirem Pop-Up-Restaurant wëlle se d'Leit un dee Goût erënneren, dee se elo schonn esou laang net méi konnte schmaachen a wéi et schéngt och wierklech vermëssen. Villäicht spillt den Dekor vum Restaurant awer och eng Roll: Déi erënnert mat senge Sëtzplazen aus Fliger-Sëtzer, Ersatz-Stécker vum Fliger selwer a Fënsteren nämlech doru fortzefléien a warscheinlech ass et genee dat wat d'Passagéier hei sichen.