Een Hoken huet d'Barcelona-Schaffplaz, de Kandidat muss 21 Deeg op säin Handy verzichten.

Den Andreas Belocerkov huet eng PR-Agentur an do gëtt aktuell e Stagiaire gesicht. Ma dës Plaz ze besetze schéngt guer net esou einfach ze sinn an dowéinst geet d'Firma elo en ongewéinleche Wee. De Stage gëtt zu Barcelona ugebueden, dat an enger Luxusvilla, an där de Kandidat/d’Kandidatin gratis ënnerkommen. Bezuelung dofir gëtt et awer och nach an zwar ganzer 5000 Euro uewendrop. Den Hoken un der Saach: Den Handy bleift doheem.

An dat huet och säi Grond: Um Smartphone sinn d’Virstellungsgespréicher nämlech gescheitert. Dem Belocerkov no, hat d’Agence eng ganz Rei Persounen interviewed fir de Posten, ma déi konnte sech och wärend dem Gespréich net vun hirem Handy léisen. En absolutten No-Go fir d’PR Agence an dowéinst gouf elo d’handyfräi Alternativ lancéiert.

Och wann et bei der Firma op der Hand läit, e PR-Gag soll et tatsächlech net sinn. D’Leit kënnen hir Bewerbung nach rareechen, dat mat engem kuerze Video, a mat bësse Chance gi se nom Barcelona-Stage souguer fest agestallt.