Zu Brandenburg hat eng Schildkröt um Samschdeg fir Onrou op enger Terrass gesuergt. D'Police souwéi d'Pompjeeën hate Problemer fir d'Déier anzefänken.

Op enger friemer Terrass huet zu Brandenburg an Däitschland eng 60kg schwéier Schildkröt fir Onrou gesuergt. Wéi d'Police matgedeelt huet, huet de Besëtzer vum Haus um Falkenséi um Samschdeg Nomëtteg d'Déier vun engem Meter Längt vu ronn 60kg entdeckt.

Deemno huet d'Deckelsmouk en Dësch a Still ëmgehäit. Doropshin huet de Mann d'Police a Pompjeeën informéiert déi allerdéngs Schwieregkeeten hate fir déi aktiv Schildkröt anzefänken. En Expert huet misse geruff gi fir dat schwéiert Déier anzefänken a sécher ze transportéieren.

Um selwechten Owend huet sech de Besëtzer vun der Schildkröt gemellt fir d'Deckelsmouk als vermësst ze mellen. Glécklecherweis war d'Déier schonn a Sécherheet bruecht ginn.