Déi freshste Villa zu Los Angeles kann een elo op Airbnb buchen, an dat bei kengem anere wéi dem Will Smith!

Et ass den Dram vu villen 90er Kanner: An der Villa vum "Fresh Prince of Bel-Air" ze wunnen oder sech d'Luxus-Zëmmere wéinstens mol unzekucken. A genee dat ass elo méiglech! De Will Smith probéiert sech elo nämlech als Airbnb Host an erméiglecht Gäscht an der Kult-Villa ze iwwernuechten. Vun 1990 bis 1996 huet een d'Zëmmeren an der Serie gesinn. Ma ier de Reboot vun der Geschicht zréck op d'Ecranen kënnt, soll mat dëser Aktioun wuel nach e bësse Reklamm gemaach ginn.

De Smith selwer schreift an der Beschreiwung: "Et ass nach genee esou fly wéi déi éischte Kéier wou ech den driveway eropkomm sinn. An dës Kéier ginn ech iech d'Schlësselen, dass der mäin Deel vun der Villa komplett fir iech hutt - mee u meng Sneakers Kollektioun dierf keen, okay?!"

Traureg Noriichte fir eis: Wéinst der Pandemie dierfen aktuell just Leit et buchen, déi zu Los Angeles ugemellt sinn an am selwechten Haushalt wunnen.

An der Reservatioun mat dran ass natierlech dem Smith säin alt Zëmmer (mat King Size Bett & de Kleederschaf mat Air Jordans a Kapen), e Buedzëmmer, Pool an eng outdoor Lounge. A wéi sollt et anescht sinn: Alleguerten d'Moolzechte ginn natierlech op engem sëlwere Plateau zerwéiert.

Eng richteg cool Aktioun fir Fans vun der Serie, mee wien elo mengt e géif de Will Smith hei perséinlech kenne léieren, deen iert: De Schauspiller wäert net do si fir d'Visiteuren ze begréissen. Säi Musekskolleg DJ Jazzy Jeff an e Concierge, dee virtuell ageschalt gëtt, wäerte sech dorëms këmmen, dass d'Gäscht alles gewisen an erzielt kréien. Eng Nuecht kascht iwwregens just 30$.