De Burak ass begeeschterte "Fussball-Manager"-Spiller, dat hien awer och wärend der Hochzäitsfeier zocke wéilt, domat hat d'Verloobte wuel net gerechent.

Fans vum Spill "Fussball-Manager" wäerten de Burak, e jonke Mann aus der Tierkei, villäicht verstoen oder en esouguer luewe fir säin Asaz, ma fir déi aner war et e skurrillen Ubléck. Wärend der eegener Hochzäitsfeier souz de Gamer um Dësch an huet séier tëschenduerch e puer Spiller vu senger Mannschaft matverfollegt. D'Foto vun der Aktioun weist seng Fra am Hochzäitskleed niewent him sëtzen, liicht genervt vun der Situatioun, wärend de Burak sech em säi virtuelle Veräin këmmert.

Zu dem Bräitchemann seng Verdeedegung: Geplangt war dat Ganzt net, op alle Fall net esou! Hien hat de Laptop matgeholl well hien doriwwer e Video ofspille wollt, net iwwert Fussball mee vun hirer Bezéiung. D'Datei war awer esou grouss, dass hie se net un den Organisateur vun der Hochzäit schécke konnt. Wéi sech dunn alleguerten d'Ofleef vun der Feier verzögert hunn, huet de Burak eben nach e puer Matcher dertëscht gedréckt.

Am Spill geet et dorëms e Fussballveräin als Manager ze féieren, Spiller anzekafen an d'Mannschaft opzestellen. Domat verbréngt en dann och gäre mol 3-4 Stonnen den Dag, weekends bis zu 7 Stonnen. Fir seng Fra ass dat ok, esoulaang hiren (elo) Mann genuch Zäit fir si huet.