Hei hat wuel een d'Maskeflicht falsch verstanen...

Ufanks hätten d'Leit am Bus geduecht de Mann hätt eng aussergewéinlech Mask un, ier hinnen opgefall ass, dass de Mondschutz sech beweegt. Effektiv war de Mann net wéi et virgeschriwwen ass mat enger Mask, mee mat enger lieweger Schlaang iwwert Nues a Mond an den ëffentlechen Transport geklommen.

D'Leit waren zwar perplex mee richteg gestéiert huet et keen, déi meescht hunn et souguer ënnerhalsam fonnt. Net esou de Betrib fir Noverkéier, déi hunn op dëse Virfall hin d'Leit dorun erënnert, dass een zwar e Schal oder en Halsduch als Mask benotzen dierf, ma trotz Interpretatiounsspillraum vum Mondschutz ginn et Grenzen. Esou wéilt een ongär eng Schlaangenhaut als Mask ugesinn, virun allem dann net wann nach eng lieweg Schlaang drunhänkt.